Iwwer Eis
D'Entreprise
De Statiker s.à r.l. ass een komplett onofhängegen Ingenieursbüro am Beräich vun de Strukturen an der Gesondheets- a Sécherheetskoordinatioun.
De Büro gouf 2011 vum Christian Even gegrënnt.
De Statiker S. à r.l. ass en Ingenieursbüro, mat erfuerenem a reaktivem Personal zënter méi wéi 25 Joer. Mir sin Member vum Ordre Légal des Architectes et Ingénieurs Conseils (O.A.I.) vum Grand-Duché Lëtzebuerg. (IP/10658)
Mir schaffen fir eng privat an eng ëffentlech Clientèle.
Eisen Aktivitéitsberäich
- Wunngebaier, Résidencen an Eefamilljenhaiser
- Schoulgebaier, Maison Relais’en an administrativ Gebaier
- Industriell, kommerziell a landwirtschaftlech Gebaier
- Transformatiounen, Vergréisserung a Verstäerkung vun besteeënde Strukturen
- Gesondheet- a Sécherheetskoordinatioun
- Gestioun vum Projet
Methodik
-
Gegossene Beton , virgespaantene Beton, Fäerdegdeeler aus Beton
-
Holzstrukturen, Metallstrukturen
-
Strukturen am Verbondbau aus Beton-Stol oder Holz-Beton